De fréieren italienesche Premier Enrico Letta war e Méindeg zu Lëtzebuerg an huet sech mat couragéierten Theese fir eng méi biergerno Unioun ausgeschwat.

Trump, Brexit an de Fait, dass d'Europäer zu ëmmer manner op der Welt ginn: Fir de fréieren italienesche Premier Enrico Letta Ursaach genuch, fir net nëmmen e Buch iwwert d'Thema ze schreiwen, mä fir och am direkten Kontakt mat de Bierger seng Virstellung vun engem modernen Europa duerzeleeën. E Méindeg war den Doyen vun der renomméierter Paräisser Héichschoul "Sciences Po" op Besuch an der Maison de l'Europe an der Stad.

Iwwer Europa schwätzen? Dat interesséiert dach keen! Ma e Méindeg de Mëtten am Europahaus war dat anescht. De fréieren italienesche Premier Enrico Letta huet vill Leit ugezunn an hinne seng Virstellung erkläert vun engem modernen Europa, wat de Bierger schützt, rassuréiert an him nolauschtert.

Eng konkret Iddi ass, mat den 73 Sëtzt, déi duerch de Brexit am Europaparlament fräi ginn, transnational Europalëschten opzestellen. Owes no deem Vott géif ee wëssen, wat d'Bierger an Europa denken. Dat géif e Lien vun de Bierger zu den Institutioune kreéieren an déi géife wëssen, wat d'Bierger vun hinnen erwaarden. Dat wier eng Zort "citoyenneté européenne", déi vill méi staark wéi haut wier.

A fir dat europäescht Gespier weider z'entwéckelen, brécht den Enrico Letta mat engem weideren Tabu an zwar mat Bréissel als europäescher Haaptstad. Hie setzt sech fir eng multipolar EU an, eng mat méi Haaptstied an net just enger, déi an der Perceptioun vun de Bierger zu engem Moloch géif ginn ...

RTL